Eis Gesellschaft

Wie si mir?

Applux ass Spezialist an der Entwécklung vu moossgeschneiderte Programmer/Softwaren.

Eis Programmer/Softwaren, déi am Aklang vun engem präzisen an detailléierte Cahier des charges realiséiert ginn, gi speziell no Äre Besoinen entwéckelt.
Mir ginn op d’Bedierfnesser an d’Exigenze vun eise Clienten an, fir Informatik-Programmer/Softwarë fir de medezinesche Beräich ze entwéckelen. Eng vun eise Stäerkten ass et, dem Client nozelauschteren a seng Wënsch ze erfëllen! Mir stellen Iech e personaliséierten Tool/Outil zur Verfügung, dee genee Ären Ufuerderungen entsprécht!

Dir braucht eng nei Entwécklung oder e “moossgeschneiderte” Module?

Fuerdert eis eraus, andeems dir eise PDF-Formulaire fir en Devis fir eng Entwécklung vun engem Programm/enger Software ausfëllt.

 

Wéi gi mir vir?

An enger éischter Phase gëtt d’Entwécklung am Aklang vun engem Cahier des charges analyséiert.

Applux proposéiert Iech Toolen/Outilen (Web oder Programmer/Softwaren), déi Iech et erméiglechen, Är Applikatiounen op Distanz (Intranet/Extranet) ze deelen, fir esou vu méi Flexibilitéit ze profitéieren.

Well mir Iech och am Alldag beim Ëmgang vun Äre Produite begleede wëllen, stellt Applux Iech verschidde Léisungen zur Verfügung: Contrat à points, jäerlech Servicer an nach vill méi. Eis Équipe commerciale proposéiert Iech déi Léisung, déi am beschten zu Äre Besoine passt.

Applux garantéiert Iech och d’Assistenz an d’Maintenance vun Ärem Tool/Outil bei Ärer Clientèle.

Op wat waart Dir fir eis erauszefuerderen? 😉

 

Temoignage vum Fondateur vun Applux

Säit menger Kandheet spillen ech Fussball a konnt esou vill interessant Frëndschafte schléissen. Net nëmmen am sportleche Beräich, mä och am medezineschen Domaine wéinst menge sëlleche Bréch, Blessuren a Verstauchungen, déi mat de Joren zesummekomm sinn.

2009 hat ech e schlëmme sportlechen Accident an hu missen an engem lëtzebuergesche Spidol operéiert ginn. Do war et mer opgefall, datt et u Kommunikatioun tëschent den Dokteren an de Patiente gefeelt huet. Ech hunn du ugefaange Recherchen ze maachen a mech mam Stand vun den existente medezinesche Programmer/Softwaren, mat de Besoine vun den Dokteren a mat deem, wat ech hinnen un Innovatives brénge kéint ze beschäftegen! D’Kilometeren, déi ech fir onwichteg oder onnéideg Informatiounen zeréckgeluecht hat, goufen ëmmer méi an ech sinn nëmme lues virukomm.